Discours de Francine Closener à l’occasion de la fête patronale de la police grand-ducale

Seul le discours prononcé fait foi

"Léif Polizistinnen a Polizisten,

Membere vum Zivilpersonal,

Léif Éieregäscht,

Eng efficace, motivéiert a bierger-no Police, dat ass de Sënn an Zweck vu sämtleche Reform-Bestriewungen, déi den Ament am Gaang sinn an nach laang net ofgeschloss sinn.

Wéi de Generaldirekter elo grad sot:  decidéiert ass nach näischt, mee de politesche Wëllen, an och de Wëlle vu ganz vill Acteuren um Terrain ass do, fir matt dëser Reform, matt dëser Moderniséierung eben eng nach méi efficace, motivéiert a bierger-no Police ze kréien.

Dat ass also d’Ziel. A fir datt mer dat Ziel erreechen, musse mer ëmdenken, a mir zielen duerfir op déi konstruktiv Zesummenaarbecht matt allen Concernéierten.

Et steet ausser Zweifel, datt d’Polizei-Gesetz muss ugepasst ginn, well d’Realitéit um Terrain, an der Welt dobaussen eng aner ass, wéi am Joer 2000 wéi d’Fusioun vu Police a Gendarmerie a Kraaft getrueden ass.

Zanterhier si 15 Joer vergaangen. Schonn an der leschter Legislaturperiod ass vill vu Reform geschwat ginn.

Realiséiert gouf se awer net. Elo ass se iwwerfälleg.

Den Etienne Schneider an ech droen di politesch Responsabilitéit, fir datt de Corps optimal fonctionnéiert a senge villen Attributioune gerecht gëtt.

Dofir kënnt d‘Reform elo.

Mir maachen se am Interêt vun de Leit, déi bei der Police schaffen, an am Interêt vun de Mënschen, déi hei am Land liewen.

D’Sécherheet an dat héicht Sécherheetsgefill sinn eng nationalpolitesch Prioritéit. D’Sécherheet ass och ee wichtegt Argument fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg.

Den Audit, iwwer dee souvill geschwat gëtt, ass eng Bestandsopnam, eng Analyse vun deem, wat d‘Gesetz vun 1999 bruecht, an och net bruecht huet.

T‘ass elo un der Zäit, fir een neit Kapitel an der nationaler Sécherheetspolitik ze schreiwen, fir de Gegebenheete vun haut a vu muer Rechnung ze droen.

Léif Polizistinnen a Polizisten,

Kee kennt d’Réalitéit an d’Problemer um Terrain besser wéi dir.

Kee weess besser wéi dir, wou bei de Strukturen an de Prozesser de Schong dréckt a wou mir den Hiewel sollen a mussen usetzen.

Bal 1.500 Membere vun der Police sinn am Kader vum Audit consultéiert ginn, dorënner ronn 500  individuell Gespréicher.

Vun 10 Polizisten, déi gefrot goufen, koumen der 8 aus der Brigadier’s-, an haaptsächlech aus der Inspektesch-Carrière!

Op deem villen Input baséiert den Audit.  

Elo si mer an der nächster Etapp: wéi eng Conclusioune kënnen aus deem Input gezu ginn ?

Wat ass an der Praxis ëmsetzbar a wat éischter net ?

Déi 6 Aarbechtsgruppe kommen zanter Ufank September regelméisseg beieneen, an an deene Gruppe proposéieren an diskutéiere Polizisten aus alle Carrièren hier Visiounen, fir d‘Police vu muer besser op ze stellen.

Anescht wéi dat an enger militäresch strukturéierter Verwaltung eijentleg üblech ass, kritt d’Personal vun der Police hei näischt diktéiert: mir wëllen, datt déi Reform vun iech, vun deenen, déi dervu concernéiert sinn, matt gedroe gëtt. Mir wëllen eng Reform "vun ënnen no uewen" an op des Manéier kënne mer dat och hikréien.

Duerfir lancéieren ech haut och den Appel un sämtlech Gewerkschaften a Personalvertrieder, sech konkret a konstruktiv an déi Aarbechten an ze bréngen, an net nëmmen als Observateur derbäi ze sinn.

Et ass am Interêt vun äre Memberen, wann Dir bei dëser kruzialer Phase proaktiv matt schafft a selwer Virschléi maacht: "On n’est jamais aussi bien servi que par soi-même."   

Mir wëlle jo all, dass et viru geet,

mir wëllen all, dass d’Polizisten ënnert bessere Konditiounen hier Aarbecht kënne maachen;

duerfir sollte mer net ze vill träntelen.

Duerfir ass et och wichteg, datt et net an där nächster Etapp zu Blockagen kënnt.

Duerfir, mäin Appell un iech: Leet är Virschléi op den Dësch, fir dass mer vun Ufank un kënnen zesumme kucken, wéi wäit mer äre Virstellunge kënne Rechnung droen.

Dir Dammen an dir Hären,  

D’Regierung ass sech bewosst, datt déi Reform eppes kascht an datt et allgemeng keng Sécherheet zum Nulltarif gëtt!

Mir hu generell eng Augmentatioun vun 320 neie Poliziste bis 2018 duerchgesat. Dëst Joer hu mer exzeptionell 106 nei Platzen autoriséiert, am Plaz 80 wéi ursprénglech virgesinn.

Onofhängeg vun der Moderniséierung, kréie mer nei Carrièren an der Police: fir op enger Linn ze leie matt der Reform an der Fonction publique, féiere mer de Bachelor, den A2, an och d‘Carrière B1 an.

Ee Message ass mir haut an diem Kontext ganz besonnesch wichteg:

D‘Carrière B1 gëtt an der ganzer Police agefouert, also souwuel fir d‘Police judiciaire wéi och fir déi Uniforméiert.

An di B1 Carrière kommen déi Beamten, di eng Première oder eng Treizième hunn, wann se den Examen duerfir packen: dat ass keen extra Examen, mee deen ass jo iwwerall an der Fonction Publique üblech. An dernieft gëtt och nach d’Carrière ouverte agefouert. Och déi Decisioun ass geholl, hei bleiwen nëmmen nach déi genee Modalitéiten ze klären.

D’Conciliatioun de läschte Freiden huet musse kuerzfristeg annuléiert ginn. Dofir hu mir eis op Demande vum SNPGL hin virgëschter gesinn. 

D’Inspektesch-Carrière freet jo d’C1 Carrière. Zesumme mam Minister vun der Fonction Publique si mer gewëllt, sou eng Carrière, déi awer keng finanziell Avantagë matt sech bréngt, anzeféieren. Am Kader vun der Conciliatioun si mer jo am Gaang, doriwwer ze diskutéieren.

Et schéngt evident, datt mer elo net separat legiferéieren, wat den C1 ugeet. Mir regelen daat - virausgesat, mir ginn eis och matt deenen aneren Themen an der Conciliatioun eens - dann an enger „Package-Léisung“ an der allgemenger Reform vun der Police, déi mer jo den Ament zesumme matt iech ausschaffen.

D’Arrangementer, déi mir zesumme fannen - an ech sinn iwwerzeegt, datt mer se fannen - sinn ee Ganzt. Dat Eent geet net ouni dat Anert an ëmgedréint.

Léif Invité’en,

Fir Enn des Joers erwaarde mer di éischt Propositiounen aus den Aarbechtsgruppen, fir d’Police ze moderniséieren.

Am Laf vum 1te Semester 2016 sollen di éischt Conclusiounen no an no um Terrain ëmgesat ginn, respektiv an di verschidde Gesetzer a Reglementer afléissen, di mer mussen änneren.

Mir sinn eis awer natierlech bewosst, datt mer fir verschidde Voleten virdrun nach aner Acteure musse consultéieren, speziell, wann et ëm di regional Opdeelung vun de Ressourcë geet. D’Gemenge sinn do eisen alleréischten  Gespréichspartner. Dat ass eng Selbstverständlechkeet.

Virun e puer Deeg war ech de Centre d’intervention an de Commissariat de proximité op Dikrech besichen...an an den nächst Wochen ginn ech och op d’Stater Gare an op d’Cap.

T’spiert een, datt d’Leit um Terrain séier e Changement wëllen. A mir mussen och kucken, wat nach d’Aufgaben vun der Police vun der nächster Generatioun sinn.

Wéi wäit kennen divers administrativ Missiounen aus dem Kompetenzberäich vun der Police erausgeholl ginn, fir d’Beamten ze entlaaschten, déi vill Zäit matt onnéidegen Tâchen verléieren?  Och hei schafft aktuell een Aarbechtsgrupp Propositiounen aus. Och den Inneminister schafft op deem Dossier, wat d’Kompetenzen vun den „agents municipaux“ ugeet.

Eent ass allerdéngs kloer: Et gëtt hei a kengem Fall eng 2. Police oder eng „Police bis“ geschaaf. 

Dir Dammen an dir Hären,

D’Reorganisatioun ‘99 waar bal 30 Joër am Gespréich bis se Realitéit waar. Dat kënne mir eis dess Kéier net leeschten.

Ech zielen op iech all, fir datt mer séier déi Police kréien, déi Lëtzebuerg an Zukunft brauch. Merci."

 

Dernière mise à jour