Discours de Francine Closener à la cérémonie de prestation de serment des candidats de la 26e promotion de brigadiers

"D’Police ass de Garant, datt mer(...)a Rou an a Fridden an dësem Land liewe kënnen"

"Här Generaldirekter,

Madame Generalinspekter,

Léif Membere vun der Police a vun der Arméi,

Et sinn aussergewéinlech Ëmstänn, ënnert deenen des Zeremonie haut statt fënnt: mir all stinn nach ënnert den Andréck vun den Attentater zu Paräis. An mir wäerten all nach Zäit brauchen, fir dat alles ze verschaffen. Et war eng Attack, déi weist, datt den Terrorismus eng aner Dimensioun erreecht huet, eng Brutalitéit, déi mer vläit gefaart hunn, an déi mer eis awer net konnte virstellen.

Wat zu Paräis geschitt ass, weist, wéi vulnerabel eis Gesellschaft ass, wann se vun Terroristen ugegraff gëtt. Et war d’Ziel vun den Attentäter, fir ee Maximum u Mënschen ëmzebréngen an ze blesséieren. Se wëllen eis Angscht maachen an se probéieren, fir eis Prinzipien a Grondwäerter vu Fräiheet, Demokratie, Solidaritéit a Mënschlechkeet a Fro ze stellen. Déi Wäerter also, op deenen eis Gesellschaft, eist Zesummeliewe baséiert.

D’Police hëlleft, fir déi Grondwäerter ze verdeedegen. Dat ass eng vun hire wichtegste Missiounen.

D’Police ass de Garant, datt mer haut - an an Zukunft - a Rou an a Fridden an dësem Land liewe kënnen. An deem Sënn si dir all, léif Polizisten, duerfir ass all eenzelne vun iech, e Pilier vun eiser Demokratie. Dorop kann een houfreg sinn, mee dat bréngt an engems eng grouss Responsabilitéit matt sech an et bedéngt och vill Courage, grad an Zäiten, wéi déi, déi mer den Ament erliewen.

Den Terrorismus kennt keng Grenzen. Duerfir musse mir eis besser opstellen, iwwert eis Grenzen eraus. Duerfir huet di lëtzebuerger EU-Presidence och fir dëse Freiden zu Bréissel en ausseruerdentleche Conseil vun deenen europäesche Ministeren aberuff, déi fir di bannescht Sécherheet an hir jeeweilege Länner zoustänneg sinn. Mir sinn et den Affer vu Paräis, mir sinn et de Leit a ganz Europa schëlleg, datt mer Äntwerte fannen, datt no jorelaangen Discussiounen endlech Decisioune falen. Et goung schonn zegmol am Conseil riets iwwer d’Lutte géint de Waffenhandel oder e besseren Austausch vun Donnée’en tëscht den europäesche Police'en. Vläit brénge mer et elo endlech fäerdeg, fir Neel matt Käpp ze maachen, ouni awer eis konstitutionell Fräiheete fir eis Sécherheet ze afferen.

Dir Dammen an dir Hären,

T’ass dem Etienne Schneider a meng Aufgab, derfir ze suergen, datt d’lëtzebuerger Police an de bescht-méigleche Konditioune ka schaffen. Dat ass net esou einfach well d’Police als "Pouvoir exécutif" bei hirer Aarbecht vu villen Instanzen ofhängeg ass.

Mee d’Sécherheet an och dat héicht Sécherheetsgefill hei am Land sinn eng nationalpolitesch Prioritéit. D’Regierung ass sech bewosst, datt et keng Sécherheet zum Nulltarif gëtt. 208 Milliounen Euros hu mer am Staatsbudget 2016 fir di bannescht Sécherheet virgesinn. D’Reform, déi mer am gaange sinn ze maachen, ass do nach net matt agerechent; mee mir stinn duerzou, datt déi Reform eppes kaschten dierf, an ee finanziellen Impakt op d’Staatsfinanze kritt.

Léif Volontaire vun der 26ter Promotioun,

No ärem Militärdéngscht hutt der virun engem Joer är Formatioun an der Policeschoul ugefaangen. Ech felicitéieren iech, datt der är Ausbildung an Exame gepackt hutt an haut kënnt vereedegt ginn. Elo geet dat eigentlecht Beruffsliewen un, an ee vun deene groussen Defie besteet doran, dat Engagement an di Passioun fir d’Polizeiaarbecht bäi ze behalen! D’Bierger brauchen iech, se verloossen sech op iech; am Ëmgang matt hinne muss fir iech de Respekt an d‘Objektivitéit eng zentral Roll spillen.

Dat ass net ëmmer einfach, mee duerfir kënnt dir op d’Kollegialitéit, op de moraleschen Appui an op d‘Solidaritéit vun iwwer 2.000 Kolleginnen a Kollegen zielen. Zesumme matt hinne forméiert der vun haut un eng Equipe.

Léif Membere vun der Police,

Déi lescht Méint hunn scho vill vun iech ofverlaangen, duerch d’EU-Presidence hat dir ganz besonnesch vill ze dinn an ech well iech hei villmools Merci soe fir deen exemplareschen Asaz, och fir den optimalen Encadrement vun deene ville Gäscht, déi mer zu Lëtzebuerg empfaangen hunn. Et ass Verlooss op d’Police, an dat bedeit, et ass Verlooss op Lëtzebuerg. Dir spillt eng zentral Roll, wann et drëm geet, ee gudden Image vun eisem Land ze vermëttelen an dir maacht dat gutt.

Mee och déi nächst Wochen a Méint wäerten net méi einfach ginn.

D’Regierung huet dëse Weekend decidéiert, d’Präsenz vun der Police ze verstäerken, op zentrale Plazen, op de Garen, um Fluchhafen, awer och bei kulturellen oder sportleche Manifestatiounen, wou vill Leit zesumme kommen. D’Erwaardungen un iech si grouss, an och wa mer wëssen, datt et eng absolut Sécherheet net gëtt, musse mer awer eist Bescht maachen, fir dass d’Liewe kann normal weider goen.

Wa mer eis verschotert zréck zéien, dann hunn déi, déi eis wëllen Angscht maachen, gewonnen. Dat dierf net geschéien, an dat geschitt och net. An dësen Zäite musse mer zesummestoen an dat verdeedegen, u wat mer gleewen, nämlech eng fräi an oppe Gesellschaft.

Léif Volontären, ech wënschen iech e gudde Start an d’Beruffsliewen, an iech alleguerten, datt der ni vergiesst, wéi wichteg dir an är Aarbecht fir Lëtzebuerg sidd.

Merci."

Dernière mise à jour