Straussfeier vum neie Policegebai zu Nidderaanwen den 13ten Mee 2023

De Samschden, 13. Mee, huet de Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen, zesumme mat der Police Lëtzebuerg, op d'Straussfeier vum neie Policegebai zu Nidderaanwen invitéiert. A Presenz vum Här Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, gouf de Projet vum Policegebai virgestallt an eng Visitt duerch d'Raimlechkeeten ënnerholl. 

  1. ©MSI

    Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet

    Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet

  2. ©MSI

    Gruppefoto

    Gruppefoto

Am Kontext vun der Reform vun der Police vum 1. August 2018, soll sech dat neit Kommissariat op der Tréiererstrooss an dëse Projet aglidderen an an Zukunft fir d'Gemengen Nidderaanwen, Betzder, Schëtter, Sandweiler a Conter operationell sinn.

De Site vum Kommissariat erméiglecht eng perfekt Accessibilitéit mam Auto, Bus an Zuch, mee och mam Vëlo an ze Fouss. D'Gebai verfüügt iwwer 3 Niveauen, de Rez-de-Chaussée, gréisstendeels ënnerierdesch, mat engem Parking, déi éischt Etage mat enger Zon, déi fir de Public accessibel ass, an déi 2. Etage, déi komplett fir d'Servicer vun der Police mat hire verschiddene Büroen, reservéiert ass. D'Gebai huet e Volume vu 6.550 m3 an eng Surface nette d'exploitation vun 1.050 m2.

De Projet vum Policegebai baséiert op engem nohaltegen an ekologesche Konzept an och beim Choix vun de Materialie gouf de Prinzip vum nohaltege Baue respektéiert.

Aktualiséiert