D'Regierung erënnert drun, dass déi Mesuren déi geholl goufe fir d'Ausbreede vum Virus COVID-19 ze begrenze mussen agehale ginn.

D'Regierung erënnert drun, dass et absolut néideg ass, déi Mesuren ze respektéieren déi geholl goufe fir d'Ausbreede vum Virus COVID-19 an der Bevëlkerung ze bremsen. Dës Mesurë ginn an engem Arrêté opgezielt, deen d'Gesetz vum 25. Mäerz 1885 iwwer Mesuren déi am Fall vun der Invasioun an der Propagatioun vun enger ustiechender Krankheet ze huele sinn exekutéiert. Dëst ass am Mémorial A 149 publizéiert.

D'Mesuren duerch déi am kulturelle, rekreativen, Sports- an HORECA-Secteur Etablissementer zougemaach goufe sinn absolut néideg fir d'ëffentlech Gesondheet, wéinst dem pathogenen an ustiechende Charakter vum Virus. Dat selwecht zielt fir Reegelen déi de Verkéier op den ëffentleche Stroossen op folgend Aktivitéite limitéiert:

  • Akafe vu Liewensmëttel, Medikamenter an noutwendege Produiten,
  • Deplacementer bei Gesondheetsstrukturen (Dokter, Spidol),
  • Deplacementer op d'Aarbechtsplaz, 
  • Hëllef a Fleeg fir eeler Leit, Mannerjäreger, bedierfteg Leit, Persoune mat engem Handicap oder besonnesch vulnerabel Leit, 
  • Deplacementer am Noutfall bei Finanzinstituter oder Assurancen, 
  • am Fall vun héijer Gewalt oder an Noutfallsituatiounen,
  • Fräizäitaktivitéiten (spadséieren, joggen, Spillplazen, ...), ënner der Konditioun, dass eng Distanz vun 2 Meter zu anere Leit agehale gëtt.

D'Anhale vun de Reegele wäert duerch d'groussherzoglech Police kontrolléiert ginn. Dës net ze respektéiere gëtt mat Geldstrofen oder Prisong, sou wéi am Artikel 2 vum Gesetz festgehalen, bestrooft.

 

Communiqué vum Ministère fir bannenzeg Sécherheet

 

Aktualiséiert