Direktioun vun de kommunalen Ugeleeënheeten

D’Aktivitéite vun der Direktioun vun de kommunalen Ugeleeënheeten (DAC) ëmfaassen:

  • d’administrativ Kontroll vun den Decisioune vun de Gemengen, Gemengesyndikater an Etablissements publics, déi ënnert der Opsiicht vun de Gemengen stinn, ë.a. an dëse Beräicher:
    • Gemengereglementer ;
    • Gemengepersonal ;
    • ëffentlech Ausschreiwungen ;
    • Immobilientransaktiounen ;
    • Konventiounen a Mietverträg.

D’Direktioun bitt dem Gemengesecteur och eng Berodung an dëse Beräicher un.

  • d’Organisatioun vun den Admissibilitéits-, definitiven Zouloossungs- a Promotiounsexamen am Gemengesecteur, sou wéi och Formatiounen déi dozou gehéieren;
  • d’ juristesch Berodung fir Gemengen;
  • d’Gestioun vu Reklamatiounen déi d‘Gemengenautoritéite betreffen;
  • d’Organisatioun vu Walen (normal Gemengewalen, Komplementarwalen, Walen nom Opléise vum Gemengerot), de Suivi vu Changementer an der Zesummesetzung vu Gemengenorganer (Demissiounen, Nominatiounen, Vereedegungen, Noréckelen), an de Suivi vu Motions de censure;
  • d’Begleede vun de Gemengen am Kader vun engem Fusiounsprojet;
  • d’Concertatioun mat de Sozialpartner am Gemengesecteur.

 

Aktualiséiert