Direktioun vun der Kommunalplanung an der städtescher Entwécklung

D’Direktioun fir Kommunalplanung a städtesch Entwécklung bekëmmert sech ëm d’Relatiounen tëscht Staat a Gemengen, wat d’Organisatioun vum Gemengenterritoire a vun den demografeschen, ekologeschen, ekonomeschen, sozialen, kulturellen, finanziellen a raimleche Ressourcë vun de Gemengen ugeet. Si steet dem Inneminister bäi a senger Qualitéit als Autorité de tutelle a Saache Kommunalplanung a städtesch Entwécklung, déi ë.a. am Guttheesche vun Aménagementsprojeten an an der Generalkoordinatioun vun der Aktioun vu Gemengen am Kader vun der Kommunalplanung besteet.

Commission d’aménagement

D’Commission d’aménagement krut als Missioun, fir en Avis ofzegi bei all Projet, deen hir virgeluegt gëtt, a bei all Fro, mat där se vun deenen eenzelne Gemengen a Saache Kommunalplanung befaasst gëtt. Si soll v.a. en Avis ofginn zu de Projets d’aménagement général, respektiv zu Modifikatioune vun dësen.

D’Commission d’aménagement gëtt duerch d’Bestëmmunge vum Artikel 4 vun der Loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l'aménagement communal et le développement urbain an duerch déi vum Règlement grand-ducal du 8 mars 2017 concernant l'organisation et le fonctionnement de la commission d'aménagement ainsi que l'organisation et le fonctionnement de la cellule d'évaluation gereegelt.

Cellule d’évaluation

D’Missioun vun der Cellule d’évaluation besteet doran, d’Conformitéit an d’Compatibilitéit vun de Projets d'aménagement particulier (PAP) mat de Gesetzer a Reglementer, déi a Kraaft sinn, entspriechend dem Artikel 30 vun der Loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l'aménagement communal et le développement urbain  z’iwwerpréiwen.

D’Cellule d’évaluation schreift Avisen zu PAPen, a Concertatioun mat de Vertrieder/Expäre vun deene verschiddene Ministèren a Verwaltungen. Hei si v.a. d’Servicer vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversivitéit (Biotopen, Impaktstudien), vun der Administration de la Gestion de l'Eau (Zréckhale vum Iwwerflächewaasser, Iwwerschwemmungszonen), vun der Administration des Ponts et Chaussées (Permission de voirie) oder vum Institut national pour le patrimoine architectural (Presenz vun engem geschütztenen Immeubel) viséiert.

Plateforme de concertation

Well d’Cellule d’évaluation hiren Avis eréischt zu engem Moment ofgëtt, an deem d’Ausschaffe vum Projet am Prinzip ofgeschloss a schonn der Enquête publique virgeluegt ginn ass, erweist et sech als schwiereg, engem Projet, deen ewell Objet war vun enger gewësser Unzuel un Iwwerleeunge vu Säite vum Concepteur vum PAP oder vun Diskussioune mat de betraffene Verwaltungen, an deem Stadium eng nei Orientatioun ze ginn.

Fir dëse Problemer effikass virzebeugen, ass d’Plateforme de concertation eppes wéi e "Guichet unique Urbanismus" an huet zum Zil, de Gemenge souwéi den Initiateure vu Projeten et z’erlaben, sech am Virfeld vum Ausschaffe vun engem PAP beroden ze loossen, ier den Dossier offiziell fir d’Adoptiounsprozedur virgeluegt gëtt.

Dës Aart a Weis fir virzegoen erlaabt et, all d’betraffe Verwaltunge an engem fréie Stadium vum Ausschaffe vum Projet ronderëm en Dësch ze kréien, fir ze verhënneren, dass de PAP net kann ausgefouert ginn, well vun där enger oder anerer Verwaltung keng Autorisatioun virläit. Donieft ergëtt sech aus där Démarche eng richteg Simplification administrative, déi méi en effikasse Suivi vu Projeten erlaabt a v.a. en Erhéije vun der Bëaarbechtungs- an Ausféierungsvitesse vun den Urbanismusprojeten.

 

Aktualiséiert