Direktioun vun der Kontroll vun der Gemengecomptabilitéit

D‘Direktioun vun der Kontroll vun der Gemengecomptabilitéit ass mat der Kontroll vun de Konten, der Comptabilitéit an de Keesse vun den Entitéite vum Gemengesecteur befaasst, spréch de Gemengen, de Gemengesyndikater an den Etablissements publics, déi ënnert der Opsiicht vun de Gemenge stinn.

Op Grond vum Artikel 147 vum ofgeännerte Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 ëmfaasst dës Kontroll och d’Kontrolle vun der Comptabilitéit am lafenden Exercice, déi zum Zil hunn, fir periodesch an am Detail d’Keessen an d’Comptabilitéite vun den Entitéite vum Gemengesecteur z’iwwerpréifen.

 

Aktualiséiert