Direktioun vun de Gemengefinanzen

D’Direktioun vun de Gemengefinanzen ass fir de Suivi an d’Entwécklung vun de Finanze vum Gemengesecteur zoustänneg. Donieft kontrolléiert si d’Budgete vun den Entitéite vum Gemengesecteur, déi dem Inneminister virgeluegt ginn, deen se definitiv fixéiert.

D’Direktioun vun de Gemengefinanzen hält d’Entwécklung vun den net affektéierte Revenue vun de Gemengen am A. Déi net affektéiert Revenue stellen d’Haaptrecetten, am Ordinaire, vun de Gemengen duer. Si stellen d’Finanzautonomie vum Secteur sécher. Dës Revenue bestinn aus deene vum Fonds de dotation globale des communes (FDGC), aus der direkter Participatioun vun de Gemengen un der Gewerbesteier (ICC), souwéi aus der Grondsteier. D’Direktioun vun de Gemengefinanze befaasst sech och mat den Dossieren a Bezuch op Gemengesteieren an -taxen, genee wéi op d’Gemengeschold.

D’Finanzhëllefe fir kollektiv Basiséquipementer

D’Direktioun vun de Gemengefinanze schafft doriwwer eraus op Dossieren, bei deenen et ëm den Zouschoss vu Finanzhëllefen un d’Gemengen am Kader vum Investissement a kollektiv Basiséquipementer geet: Infrastrukture fir d’Grondschoul, Märeien, Gebaier fir de Service Régie, Pompjees- a Rettungszentere vun de Kategorien 1-2bis, Infrastrukture fir d’Versuergung mat Drénkwaasser, Kierfechter an ëffentlech Plazen.

Gemengen, deenen hire Gemengerot e Projet gestëmmt huet, dee fir sou eng Hëllef a Fro kënnt, riichten eng Subsidesdemande un den Inneministère.

Dës Hëllefe variéiere jee no der Finanzsituatioun vun der Gemeng. D’Hëllef fléisst an e puer Tranchen. Eng 1. Tranche gëtt um Ufank vun den Aarbechten ausbezuelt, op Grond vun de Budgetsdisponibilitéiten, bis zu enger Héicht vun 80%. Déi aner 20% fléissen eréischt, wann den definitiven Dekont vun den Aarbechte virgeluegt gëtt.

 

Aktualiséiert